Friday, February 1, 2013

exposition avec Paulo Lobo et Jérôme Melchior

Ici mes photos de l'exposition Lescht Statioun : Hoffnung, ensemble avec Paulo Lobo et Jérôme Melchior.
Et ici le lien vers l'émisssion 20vir Kultur RTL avec Dan Spogen où je présentais l'exposition (à partir de minute 6).






Lescht Statioun: Hoffnung
Déi portugisesch Immigratioun zu Lëtzebuerg huet géint 1960 ugefaangen. Zënter hier sinn Dausende vu Portugisen hei op Lëtzebuerg wunnen an schaffe komm. Si représentéieren haut 17 % vun der ganzer Populatioun.
Déi Migratiounswell  huet ni wierklech opgehal, och wann et 1990 dem Portugal ekonomesch besser gaangen ass. Mee zënter dass d’Kris  2009 ausgebrach ass, sinn d’Departen ëmmer méi heefeg ginn souwuel an déi al bekannten Immigratiounslänner Frankräich, Däitschland, Lëtzebuerg, ... wéi och a Länner déi méi wäit ewech leien a vill verspriechen, Afrika, Asien oder Australien.
Gedriwwe vun der Kris, hunn déi nei Immigranten en anere Profil wéi hir Virgänger. Dacks sinn se jonk, Stadmënschen,  komme vun der Uni, mat engem europäesche Geescht. Si verloossen hiert Heemechtsland an der Hoffnung eng Aarbecht ze fannen, déi zu hinne passt. Leider mussen se séier feststellen, dass Lëtzebuerg nëmmen nach ee Schiet vu deem Eldorado ass, deen et mol war, an dacks iwwerzeegt d’Ongewëssheet.
Trotz all de Schwieregkeeten an  Erniddregungen, verléieren se ni hiert Réckgrat, hir Hoffnung, an hire Wëllen, géint d’Verzweiflung unzekämpfen an sech op all Arbecht anzeloossen. All Péng ass z'erdroen wann een e Liicht um Enn vum Tunnel gesäit.
(Text Paulo Lobo)

______________________________________________________________________
Wat ech u mengem Beruff als Fotograf gär hunn ?

Datt ech dank mengem Fotoapparat déi verschiddenst Leit ka kenneléieren.

Esou hat ech d'Chance d'Raquel a säi Meedchen Ema kennenzeléieren, genee sou wéi de Filipe, seng Fra Alexandra an hire Bouf Tomás.
Wow, wat fir léif, symphathesch, intelligent, oppen a guttgelaunte Leit.

D'Raquel hat mat sengem Mann a Portugal eng Rénovations Firma.
Ab 2003 ass et a Portugal méi schwiereg ginn, d'Clienten hunn net méi mat Zäite bezuelt, d'Chargë waren awer d'selwecht, an ech muss lo net méi an Detailer goen, fir datt jidderee sech virstelle kann, datt ab esou engem  Moment een Däiwelskrees ufänkt, dee ganz schwéier ze duerchbriechen ass.

Een Ausdrock deen se a Portugal dofir benotzen ass "esticar o dinheiro" - gymnastic money,  et muss een d'Sue wéi ee Lastik zéie fir dass et duergeet.

2008 hunn se dunn decidéiert op Lëtzebuerg ze kommen, wou d'Raquel eng Aarbecht bei Eurostat fonnt huet. Säi Mann huet bis Enn 2008 zu Paräis geschafft, sou dass déi kleng Famill réischt duerno konnt hei zesumme liewen a schaffen.

De Filipe hunn ech kuerz Zäit duerno kennegeléiert. Bei eisem 1ten Treffen huet hie mir, nodeems mer eis iwwert Musek a Massive Attack ënnerhalen hunn, eng CD vu Massive Attack an de Grapp gedréckt a gesot ech soll se him bei Geleeënheet erëmginn. Obwuel de Filipe a Portugal beim portuguisesche Staat geschafft huet an et him perséinlech deemno gutt gaangen ass, konnt en sech keng Zukunft a Portugal fir säi klenge Bouf virstellen. Dowéinst huet en sech dunn entscheet, seng Walissen ze paken an op Lëtzebuerg ze kommen, wou en an engem italienesche Restaurant schafft a Pizzaen ausliwwert. Op meng Fro hin, ob hien d'Stroosse gutt géing fannen oder ee GPS hätt, sot e mer just en hätt de GPS am Kapp. Bei eisem leschten Treffen sot e mer, e géif elo och an der Bar am Restaurant schaffen, mat Italiener zesummen. Da géif en eben elo och dat léieren an anengems italienesch.

Als Fazit kann ech soen, datt ech mech gefrot hu wéi ech géif reagéieren,  wann hei zu Lëtzebuerg alles ëmmer méi schlëmm géif ginn ? Wier ech bereet, zesumme mat mengem Mann, d'Walissen ze paken, eis Famill a Frënn ze verloossen, fir an e friemt Land ze goen? Éierlech gesot, ech weess et net. Ech weess just, datt ech dëst wahrscheinlech net ëmmer mat engem Laache géif maachen an dëst bewonneren ech um Raquel a Filipe, trotz hire Problemer kucken se awer hoffnungsvoll a guttgelaunt an d'Zukunft.
(Text Jessica Theis)


No comments:

Post a Comment